Aus dem Liewen
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
7 min
Social Media huet vill positiv Eegenschaften. Zum Beispill kann een sech séier mat Frënn a Famill verbannen. De Konsum vun de soziale Medie kann awer och séier problematesch ginn an den Alldag leit dorënner, well Saachen dowéinst op der Streck bléiwen. Mee wéi erkennt een eventuell problematescht Verhalen? A virun allem wat kann een dogéint maachen? D’Nadine Teusch, Psychologin a Psychotherapeutin beim Zenter fir exzessiivt Verhalen huet Äntwerten. Si erkläert, wéi eng Techniken dobäi hëllefe kennen, d'Bildschiermzäit ze reduzéieren.
Presentéiert vum
- Pit Walté