Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Leon Bridges - Panther City

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

natur musee

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Wat ass Geodiversitéit a firwat ass se relevant fir d’Erfuersche vum Patrimoine naturel?
Jiddwereen huet schonn emol de Begrëff Biodiversitéit héieren. Si ass ee wichtegen Deel vun der natierlecher Diversitéit, dozou gehéiert och d’Geodiversitéit.
D’Geodiversitéit ass en dacks vergiessenen Deel vun der natierlecher Diversitéit. De Begrëff ëmfaasst all geologesch Phenomeener, sief et d’Steng an d‘Bieden am Ënnergrond, awer och Prozesser wéi d’Evolution vun enger Landschaft, also d’Geomorphologie a Ressourcë wéi Grondwaasser oder mineralesch Rostoffer, déi am Buedem virkommen. Zu der Geodiversitéit gehéieren awer och Fossilien a Mineralien, déi zum Beispill am natur musée gesammelt ginn. Deen Deel vun der Geodiversitéit, deen duerch ee besonnesche wëssenschaftleche Wäert charakteriséiert ass, bezeechne mir dann als Geopatrimoine oder Patrimoine géologique. Dozou gehéieren ausgewielte geologesch Sitten, och nach Geotoper genannt a Sammlungen, déi deementspriechend erfuerscht a konservéiert ginn. D’Gestioun vu Geopatrimoine a besonnesch de geologesche Sammlunge gehéiert zu de Missioune vum natur musée, deen zesumme mat anere Partner wéi dem Geopark Mëllerdall och den Unesco Geodiversity Day zu Lëtzebuerg organiséiert.
Explikatioune vum Robert Weis, Plaeotholog vum natur musée
Erausgepickt: Expo: Luxembourg on the Rocks (11.10.2024-16.03.2025)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

natur musee

Geodiversitéit an Geoheritage
headphones

5 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

Ob ee jonk Leit freet oder méi eeler Leit, déi meescht wëllen am Fall vu Fleegebedürftegkeet doheem bleiwen.
headphones

6 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Fraen zeréck hanner d’Dëppen? De Wonsch no traditionelle Geschlechterrolle vereent Incels, Antifeministen a Maskulisten.
headphones

5 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Kreativitéit bei Kanner
headphones

5 min

play_arrow
BEE SECURE Helpline

BEE SECURE Helpline

BEE SECURE huet eng Campagne zum Theema Deepfakes lancéiert. D’Zil ass et virun dësen dacks mat KI-generéierte Contenuen ze sensibiliséieren an de Leit konkret Tippen ze ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Den 20. November ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. Wéi kënne mir de Kanner dës Rechter an och demokratesch Wäerter méi nobréngen?
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Problematescht Kafverhale ronderëm de Black Friday
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Orange Week - Sensibiliséiere fir eng Welt fräi vu genderspezifescher Gewalt
headphones

3 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Jidderee kennt Situatiounen am Alldag, an där een als Eltere manner Gedold huet, wéi ee sech et wënscht. Seng Kanner konstruktiv ze ënnerstëtzen ass fir vill Elteren awer zentral wichteg.
headphones

5 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Hausaufgabe sinn ee wichtegen Deel vum Léieren, awer dacks e Moment vu Stress an Onzefriddenheet. Wéi kann een doheem an der Famill dofir suergen, datt d’Hausaufgab kandgerecht gemaach gëtt? - 2/2
headphones

9 min

play_arrow

natur musée

Asteroiden: Gefor oder Chance fir d’Äerd?
headphones

6 min

play_arrow

GERO-Kompetenzzenter fir den Alter

geroRESEARCH / Mental Gesondheet
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Vill Leit hoffen, datt no enger Scheedung d'Konflikter an d'Streidereien een Enn hunn. Dacks bestinn dës awer iwwer d'Trennung eraus. Wouru läit dat, a wat kann ee maachen, fir dëst ze vermeiden? - 1/2
headphones

4 min

play_arrow

ErwuesseBildung

D'Kleesercherstraditioun ass am nationalen Inventaire vum immaterielle Patrimoine zu Lëtzebuerg. Mee, wien ass dee Personnage vum Hellegen Niklos? A wéi erkläre sech déi Traditioune virum 6. Dezember?
headphones

8 min

play_arrow

BEE SECURE Helpline

BEE SECURE sensibiliséiert Kanner an Eltere mat Coursen an Informatiounsmaterial fir ee méi sécherheetsorientéierten a verantwortungsvollen Ëmgang mat den digitalen Technologien a bitt och e Beroodungsdéngscht.
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Zanter 2023 ass de Kannermusée PLOMM zu Wolz e Centre de ressources fir déi non-formal Bildung mam Fokus d‘Participatioun vu Kanner duerch Kultur a Konscht ze entwéckelen an ze fërderen.
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Peter Bieg analysiert den boomenden Markt für politische Wetten in den USA. Er spricht über rechtliche Herausforderungen, die Interessen von Investoren und die Rolle dieser Plattformen.
headphones

5 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Dir sicht eng Plaz fir zu Schaffen an Téi zu drénken? Dir braucht Bettlektür, Diskussiounen a Liesstoff fir Kanner? All dat fannt Dir an der feministescher Bibliothéik a Mediathéik.
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

A ville Famille gëtt et Diskussiounen iwwer d’Opraumen. Wei kann een als Elteren dëst Theema méi relax ugoen?
headphones

6 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Wann d’Schoul Auswierkungen op d'Familljeliewen huet
headphones

6 min

play_arrow