Radioen

On air

Concert  |  Verkannte Bijouen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aus dem Liewen

search / Aus dem Liewen

/ Erzéiungs- a Familljeberodung

Erzéiungs- a Familljeberodung

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Jidderee kennt Situatiounen am Alldag, an där een als Eltere manner Gedold huet, wéi ee sech et wënscht. Seng Kanner konstruktiv ze ënnerstëtzen ass fir vill Elteren awer zentral wichteg.
D’Institutioun Erzéiungs- a Familljeberodung beschäftegt sech mat deem Theema mëttels der Entwécklungsënnerstëtzungsmethod Marte Meo zanter Joren.
De familiären Alldag ass vu villen strukturéierte Situatioune gepräägt. Eltere musse vill Saachen am Dag mat hire Kanner maachen, wéi zum Beispill Hausaufgaben, Iessen, Opraumen, ..., bei deene si d’Leedung hunn. Nieft der Schoul an Hobbye bleift dacks wéineg Zäit fir kreativ Fräiräim. Et feelt dann dacks u Rou, an där d’Kand ka seng eegen Iddien an Interesse entwéckelen an d’Eltere gläichzäiteg Zäit hunn, sech dobäi ze setzen, fir den Iddie vun hirem Kand ze suivéieren. Esou Momenter kéinten awer op einfach Aart a Weis am Alldag fonnt ginn an e bësse méi Raum kréien. Een Element, op dat dës Emissioun de Fokus leet ass “opmierksam Waarden”. Dat heescht, datt een als Eltere bewosst kuckt, wat d’Kand an enger freie Situatioun genee mécht, an d’Initiativ dann am gemeinsame Kontakt suivéiert.
Wie gäre méi übe wëllt a sech dodriwwer eraus och mat aneren Eltere gäre wëllt austauschen, ka sech bei der Erzéiungs- a Familljeberodung fir de Cours “Versteesdemech - Bedierfnesser erkennen, d'Entwécklung ënnerstëtzen” umellen.
Invitée ass d‘Maja Hehlen, lic.-phil. Psychologin bei der Erzéiungs- a Familljeberodung. (www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

KJT Kannerjugendtelefon

Wat ass Sexting, a wat fir Risike kënnen hei laueren?
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Op siwe Meter Héicht bitt de Bam vun de Geschichten allerlee Aktivitéiten. Vun engem Labyrinth an de Wuerzele bis hin zu engem Bamhaus an engem Nascht an der Kroun vum Bam
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Sougenannt KI-Begleeder ginn ëmmer méi populär grad och bei Jugendlechen. Et ginn zwar och Virdeeler, mee se bidden awer och vill Risiken.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Klein aber oho! CID | Fraen an Gender gëtt méi grouss (net nëmmen) fir déi Kleng
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung.

Wéi kënne Elteren sech selwer ënnerstëtzen, roueg an empathesch mat senge Kanner ëmzegoen ouni Zoddi an Gejäiz?
headphones

8 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Den Ënnerscheed tëschent Fräispill a geleetem Spill. Mir kucken, wéi een an der Hellewull vu Spiller e Choix kann treffen, a wat eng gutt Spillsaach ass - 2/2
headphones

6 min

play_arrow

natur musée

Wat ass eigentlech Biodiversitéit a wéi hänkt Biodiversitéitskris mat der Klimakris zesummen?
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter / Club Aktiv Plus

Aus dem Club Senior gëtt de Club Aktiv Plus
headphones

9 min

play_arrow

Familljen-Center

Koppel-Therapie ass ee wichtege Fokus an der Aarbecht vum Familljen-Center. An deem Beräich begleede si Koppele mat hire Suergen, mam Zil e gudden Ëmgang mat hirer Bezéiungssituatioun ze fannen. - 1/2
headphones

9 min

play_arrow

Erwuessebildung

Was Kinder im Winter mit der Familie in der Natur erleben können
headphones

7 min

play_arrow

KJT Kannerjugendtelefon

D’Pubertéit ass eng erausfuerderend Zäit fir all Bedeelegt, souwuel fir déi Jonk wéi och fir d‘Elteren.
headphones

5 min

play_arrow

Kannermusée PLOMM

Am Kannermusée PLOMM stinn d'Wäerter Humor, Dialog a Fantasie am Zentrum vum Schaffen. Déi Wäerter sinn d’Fundament fir en innovatiivt Aarbechtsëmfeld, an deem d’Kanner am Mëttelpunkt stinn.
headphones

4 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Social Media huet vill positiv Eegenschaften. Zum Beispill kann een sech séier mat Frënn a Famill verbannen. De Konsum vun de soziale Medie kann awer och séier problematesch ginn
headphones

7 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Wat bedeit eigentlech Gender?
headphones

5 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Méisproocheg a multikulturell: Wéi Familljen hiren Equiliber fannen
headphones

5 min

play_arrow

Eltereschoul J. Korczak

Spillen ass de Kanner hir “Aarbecht”. Wéi vill Afloss huet d’Spill op d'Entwécklung vum Kand a wéi wichteg ass den Elteren hir Begleedung an Ënnerstëtzung? - 1/2
headphones

5 min

play_arrow

natur musée

"De Panewippchen”, d’Zeitung vum natur musée, feiert gläich seng 150. Editioun. Mir hunn hanner d’Kulisse vun där beléifter Kanner- a Jugendzeitung geluusst.
headphones

9 min

play_arrow

GERO Kompetenzzenter fir den Alter

Eng Lobby fir Senioren a Seniorinnen: D’Stëmm vun der Seniore feelt hei am Land. D’Potential ass do, mee wou si si?
headphones

9 min

play_arrow

Familljen-Center

De Familljen-Center ass déi offiziell Berodungsplaz fir LGBTIQ+ Thematiken.
headphones

7 min

play_arrow

ErwuesseBildung

Zanter 27 Joer hëlleft d’iStuff (fréier als Info-Videocenter bekannt) vun der ErwuesseBildung Ufänger a besonnesch Senioren, hir informatesch Kenntnisser ze verbesseren.
headphones

6 min

play_arrow