Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
4 min
Am Kannermusée PLOMM stinn d'Wäerter Humor, Dialog a Fantasie am Zentrum vum Schaffen. Déi Wäerter sinn d’Fundament fir en innovatiivt Aarbechtsëmfeld, an deem d’Kanner am Mëttelpunkt stinn.
Humor fërdert den Zesummenhalt a suergt fir eng positiv Atmosphär am Kannermusée. Zesumme mat de Kanner gëtt sech op eng lëschteg Aart a Weis mat de verschiddensten Theemen auserneegesat.
Dialog ass de Schlëssel fir oppe Kommunikatioun, an där all Stëmm zielt an erméiglecht och d'Participatioun. Duerch Austausch a Feedback probéiert de Kannermusée PLOMM Raum fir Iddien a Meenungen, Froen an Nofroen ze schafen. Fantasie dreift eis Kreativitéit un an erlaabt eis d’Welt aneschters ze gesinn, souwuel fir d’Kanner wéi och fir déi Erwuessen. Si ginn encouragéiert nei Perspektiven anzehuelen, Neies ze entdecken an ze entwéckelen.
Dialog, Humor a Fantasie inspiréieren am Kannermusée dozou Participatioun an all hire Facetten ze entdecken, ze erliewen an ze fërderen.
Explikatioune ginn et vun der Directrice Manon Eicher.