Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
De Luc Boentges schwätzt mam Flüttist a Komponist Markus Brönnimann iwwer säin neien Album, op deem d'Familljennimm vu sämtleche Komponiste mam Buschtaf B ufänken.
D'Valerija Berdi war e puer Wochen a Frankräich ënnerwee a bréngt eis e Gespréich vum Literaturfestival Etonnants Voyageurs mat, op deem hatt mat der däitscher Schrëftstellerin Katerina Palodjan iwwer hire Roman "Hier Sind Löwen" geschwat huet, mam Fokus op de Genozide un den Armenier wärend dem Éischte Weltkrich.
D'Claudine Muno bréngt Musek vum Komponist, Cellist, Sänger a Produzent Arthur Russell mat, deen 1992 gestuerwen ass, an deem seng Influenz nach haut an der moderner Musek erëmzefannen ass.
An de Michel Delage weess, wéi eng nei Filmer, muer Mëttwoch, an de Kinoen uechter d'Land ulafen.