Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
Am Kader vun der Leipziger Buchmesse hat d'Valerija Berdi e Moment fir mam däitsche Schrëftsteller Paul Bodorowsky iwwer de Roman "Väter" ze schwätzen a mat der Angelika Salvisberg goung rieds iwwer Traduki, en europäescht Netzwierk, dat de Südoste vun Europa mam däitschsproochege Raum verbënnt.
"Never Again" heescht déi nei Single vun der Maehila, iwwer déi sech de Marc Clement mat der franséischsproocheger Musekerin ënnerhält.
Déi nei Ausstellung "Flying Mercury" vun der Tina Gillen ass nach bis Mëtt November an der Konschthal zu Esch-Uelzecht ze gesinn, de Joé Birchen hat d'Geleeënheet sech mat der Lëtzebuergescher Kënschtlerin ze ënnerhalen. De Jean Portante ass vu Roum aus zougeschalt mam zweeten Deel vu Wuert vun der Woch: Geschicht.