Kultur um 5
Kultur um 5
55 min
De Joe Birchen huet mat der litauesch-lëtzebuergescher Cineastin Gintare Parulyte iwwer de Monodrama "Lovefool" geschwat.
Haut den Owend (13.6.) ass dem Claude Debussy säin Drame Lyrique "Pelléas Et Mélisande" am groussen Haus vum Theater zu Tréier programméiert. D'Marie Trussart huet mam Dirigent a Generalmuseksdirekter Jochem Hochstenbach am Virfeld doriwwer geschwat.
Mam Marc Clement lauschtere mir d'Debut Single "Blaues Fundament" vun der lëtzebuergesch-däitscher Formatioun Kresse 3.
An de Joe Birchen weess Bescheed iwwer déi nei Filmer, déi vu muer un an de Kinoen uechter d'Land ulafen.