Kultur um 5
Marionette a Stëmme jonk an al
54 min
No 5 Joer Wanterschlof a Summerpaus ass en nees do: DE Marionettefestival. Päischte verwandelt sech d'Uertschaft Toodler an en Open-Air-Figuren-an-Objeten-Theater. Am Ganze ginn iech 120 Spektakelen a private Scheieren a Schappe gebueden, Marionette/ Mënschen/ Musiker zéien duerch d'Stroossen. E villverspriechende Revival? Mir hunn d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen op Toodler geschéckt, haut waren nämlech d'Schoulopféierungen, fir sech e Bild sur place ze maachen.
Zwou Songschreiwerinnen-Musekerinnen-Interpretinnen huet d'Claudine Muno am Rucksak - eemol eng nach relativ nei, jonk Stëmm, déi vun der Miya Folick, déi haut hiren neien Album "Roach" presentéiert. Deen zweete kënnt vun enger Fra, déi e bësse manner jonk ass, an zwar der Folk-Legend Shirley Collins, déi mat 87 Joer och eng nei Plack presentéiert.