Vum 26. bis den 29. Mee ass zu Toodler de Marionettefestival mat nationalen an internationale Compagnien, déi do optrieden. Fir eis drop anzestëmmen ass d'Angélique D'Onghia vum Organisatiounsteam bei eis am Studio.
Dann hu mir och nees Musek fir iech, an zwar mat "Instinctive Travels on the Path of Space and Time", déi nei Plack vum däitsche Museker Angela Aux, deen hei vill iwwer Science Fiction an d'Zukunft vun der Mënschheet nodenkt.