Kultur um 5
Kultur um 5
56 min
Bei Kultur um 5 verréit eis de Michel Delage wéi eng Filmer muer an de Kinoen uechter d'Land ulafen. D'Kerstin Thalau schwätzt mat der Maité Schenten iwwer hire perséinlechen Avis an hier Koordinatioun vun der Publikatioun vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte "(Re)Conversion/ Tiers-Lieux Culturels Au Luxembourg". D'Marie Schockmel an de Luc Boentges waren haut an der Stad um Bach in the Subways Festival ënnerwee a bréngen hir Andréck mat. Invitée an dësem Kader ass d'Elisa Baiocci vum INECC.