De Roger Quaino, dee wuel berüümtste Lëtzebuerger Equilibrist, koum den 18. Mäerz 1927 zu Uewerkuer op d'Welt. Vun 1952 bis 1967 ass hien an de gréisste Variété-Haiser an Zirkussen opgetrueden. U senger Säit als Assistentin ëmmer seng Fra Gisèle. Seng Nummeren hu Perséinlechkeete gesi wéi de Charlie Chaplin, d'Queen Elizabeth II, den US-President Lyndon B. Johnson oder de franséische President Charles De Gaulle.
"Quaino, the balancing Star" oder "Un phénomène de la balance", esou huet déi international Press hie beschriwwen. Am Alter vu 40 Joer war Schluss mat Variété, hie gouf Schwammmeeschter zu Uewerkuer a war nach bis 1978 all Mount am Kaderprogramm vun der Zéiung vun den Nummere vun der Nationallotterie. De Roger Quaino stierft de 14. Oktober 2018 am Alter vun 91 Joer.