Op dësem Dag schenkt de Mann senger Partnerin eng Bretzel, wann déi Gefiller erwiedert ginn, kritt de Mann fir Ouschteren e Schockelasee.
Mir maachen haut séiss vegan Bretzelen. Eng lëtzebuergesch Traditioun
Dauer: 15 Minutte virbereeden, 1 Stonn goe loossen a 25 Minutten baken
Fir d'Bretzele brauche mir:
500 g Miel (Type 55 oder 65)
1/2 Wierfel frësch Hief (oder ee Päckelchen dréchen Hief)
80 g Zocker (am beschte brongen Zocker)
75 g vegan Margarinn
250 ml planzlech Mëllech, wotlech (z.B. Soja- oder Mandel Mëllech)
¾ Kaffisläffel Salz
Fir d'Fëllung brauche mir:
160 g gemuele Mandelen (oder e Mix aus Mandelen an Hieselnëss)
60 g brongen Zocker
½ Kaffisläffel Kanéil
ronn 40 ml vegan Margarinn, geschmolt
Fir d'Zocker Glasur brauche mir:
e puer Zoppeläffelen Zitrounejus
Pudderzocker
Virbereedung:
d'Miel, den Zocker an d'Salz an enger Schossel vermëschen
d'Margarinn schmëlzen an e puer Minutten ofkille loossen
d'Margarinn zesumme mat der wotlecher Mëllech an enger Schossel vermëschen
d'Hief dobäi mëschen a gutt verréieren bis alles et eenzeg Mass ass
déi flësseg Mëschung bei déi dréchen Mëschung dobäi ginn a gutt réieren
den Deeg entweder fir 5 Minutten am Mixer knieden, oder fir 10 Minutten mat den Hänn knieden
den Deeg ofgedeckt fir ronn 1 Stonn op enger waarmer Plaz stoe loossen, mat engem Kichenduch driwwer