Veganen Dräikinnekskuch
Dauer: Virbereedung 5 Minutten & Baken 15 Minutten
Fir de Kuch brauche mir:
2 Päck Bliederdeeg
125 g gemuele Mandelen
80 g Miel (am beschten Typ 55)
90 g Zocker
2 Kaffisläffel Backpulver
125 ml Sojamëllech
3 Zoppeläffelen Ueleg (z. B. Rapsueleg)
1 Kaffisläffel Mandel- oder Vanill-Aroma
1 oder 2 ganz Mandelen
Fir d'Glasur brauche mir:
1 Zoppeläffel Sojamëllech
1 Zoppeläffel Ueleg (z. B. Rapsueleg)
1 Zoppeläffel Ahornsirop
Virbereedung:
De Schäffchen op 200°C opwiermen
Eng ronn Bakform mat Ueleg oder veganer Margarinn afetten a mat e bësse Miel bepudderen. Fir de Kuch duerno nach méi einfach aus der Form ze kréien, Bakpabeier benotzen
Ee Bliederdeeg an d'Form leeën
An enger grousser Schossel d'gemuele Mandelen, d'Miel, den Zocker an de Backpulver mëschen. D'Sojamëllech, den Ueleg an den Aroma ënnerréieren
Den Deeg an d'Form schëdden a gläichméisseg verdeelen. Eng oder zwou ganz Mandelen iergendwou an den Deeg drécken
Den zweete Bliederdeeg dropleeën
Mat engem Messer ee Muster an de Bliederdeeg aschneiden
Déi zwee Bliederdeeger liicht uneneen drécken
An enger Schossel d'Glasur uréieren a mat engem Pinsel iwwer de Kuch sträichen
Den Dräikinnekskuch fir 15 Minutte baken, bis den Deeg gëllen ass
Source an Inspiratioun: Dräikinnekskuch (vegan) - de grénge Léiw (degrengeleiw.com)