Bei gesonde Leit muss een net onbedéngt eppes anhuelen, ausser de Vitaminn D. Zousazvitaminne soll ee sech iwwer e gesonde Liewensstil organiséieren. Gesond iessen a Beweegung, seet den Dokter Yann Gorges.
Wien awer mengt, elo iwwer de Wanter e misst Vitaminn C an Zénk z. B. als Zousaz anhuelen a sech dobäi gutt fillt, mécht net direkt eppes falsch, mee ob et wierklech hëlleft den Immunsystem stäerken, ass eng aner Fro.