Gebuer de 17. Dezember 1952 mécht de Jang Linster baussent Fréiseng eng éischte Kéier op sech opmierksam Enn de 70er, Ufank den 80er Jore mat der Cover-Band Challengers, déi deemools op Baler a Fester zu enger fester Gréisst avancéiert sinn. An den 80er Joren installéiert de Jang Linster ee vun den éischte professionellen Tounstudioen hei am Land, gëtt am ganze Land bekannt duerch eng sëllegen CD-Produktiounen a mat Leit wéi z. B. Fausti, Monica, Olio Galanti, etc. Hie bréngt DVDe mat Kannerfilmer a Lëtzebuerger Sprooch eraus an ass bis haut weider aktiv mat neie Projeten.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
70 Joer Jang Linster
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min