100komma7.lu / Biotop

/ Manner Luuchten, méi Stären, méi Déieren

Manner Luuchten, méi Stären, méi Déieren

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

8 min

Am beschte Luuchte wielen, déi manner wéi 3.000 Kelvin hunn an e waarmen Toun.


De gréissten Deel vum EU-Gebitt ass an der Nuecht kënschtlech beliicht. Esou ass et och zu Lëtzebuerg: Vill Leit hunn d'Mëllechstrooss nach ni mat bloussem A gesinn, well mir eisen däischteren Nuetshimmel duerch Liichtverschmotzung verléieren. Net jiddwereen interesséiert sech awer fir Stären, firwat ass déi Liichtverschmotzung iwwerhaapt e Problem?


Eis hell Nuechte brénge verschidden negativ Konsequenze mat sech. D'Gesondheet vum Mënsch leit drënner, an och de Liewenszyklus vu villen Déieren a Planzen ass gestéiert. Dobäi kënnt och nach déi grouss Energie-Verschwendung.


Et ginn natierlech individuell Léisungen, wéi mir d'Liichtverschmotzung zu Lëtzebuerg reduzéiere kënnen: Nuetsbeliichtung op e Minimum reduzéieren, d'Beliichtung no uewen aschränken, déif Faarftemperature benotzen."


Ëm déi 20 Gemengen hu sech scho bei der CREOS gemellt fir hir Nuetsbeliichtung anzeschränken/auszeschalten, a si kënnen esou ëm déi 25 Prozent aspueren. Wat kann deen Eenzelen doheem maachen?




Et soll een d'Nuetsbeliichtung nëmmen do asetzen, wou et néideg ass, a wa se wierklech gebraucht gëtt. Ech stelle mir d'Fro, ob meng Fassad iwwerhaapt muss beliicht sinn. D'Steeluuchten op de Fënsterbrieder wierke flott a signaliséieren e bewunnten Haus, mee mussen si déi ganz Nuecht laang u sinn? De Wee bei d'Garage muss och net de ganzen Zäit beliicht sinn. Dofir kann een da Beweegungsmelder an Zäitschaltaueren asetzen.




Da soll een och virun allem d'Beliichtung no uewe vermeiden: Liicht, dat an den Himmel geriicht ass, dréit zu onnéideger Liichtverschmotzung bäi a perturbéiert eis Fliedermais, Vullen an Insekten ...




D'Beliichtung vum Gaart, dat heescht vu Beem, Straicher a Gewässer soll ee ganz ewech loosse fir d'Liewewiesen ze schützen. Een Drëttel vun den Insekten, déi Nuets vun der Luucht ugezu ginn, stierwen un Erschëpfung."




Informatioune mat der Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung EBL







Episoden

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026 | © Patric Lorgé

Sandschmuewel - Vull vum Joer 2026

Wéi all Joer gouf och dëst Joer de Vull vum Joer 2026 gewielt. Et handelt sech heibäi ëm eis klengst Schmuewelaart, nämlech d’Sandschmuewel.
headphones

7 min

play_arrow
Daucus carota subsp. sativus - Muerten | © Bigstock

Daucus carota subsp. sativus - Muerten

Knackeg, orange a gesond: Muerte schmaache gutt, si voller Power an dat eelste Wuerzelsgeméis op der Welt.
headphones

11 min

play_arrow
D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un | © Photonew

D’Fréijoer kënnegt sech dobaussen un

No engem gefillt ze laangen a groe Wanter weise sech dobaussen déi éischt Zeeche vum Fréijoer.
headphones

10 min

play_arrow
Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft | © Copyright: Guillaume Boulanger

Eis Vulle schützen an der Agrarlandschaft

Dat mat Hëllef vun engem spezialiséierten Aarbechtsgrupp.
headphones

9 min

play_arrow
Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Wetland day - D’Fiichtgebitter zu Lëtzebuerg erhalen

Den 2 Februar ass den internationalen Dag vun de Fiichtgebidder
headphones

11 min

play_arrow
Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Dräilännereck

Op der Musel gëtt et vill grenziwwerschreidend Kooperatiounen. LEADER Miselerland ass do besonnesch aktiv an huet eng jett transnational Projete lancéiert.
headphones

13 min

play_arrow
Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang | © Gustavo Fring / Pexels

Hanner de Kulisse vum LTA: Vill Rechercheprojeten an e BTS Studiegang

De Lycée Technique Agricole genéisst hei am Land eng sougenannten Exklusivroll. Et ass deen eenzege Lycée, an deem een déi sougenannte gréng Beruffer léiere kann.
headphones

14 min

play_arrow
Dréchemaueren zu Lëtzebuerg | © Bigstock

Dréchemaueren zu Lëtzebuerg

Dréchemaueren si stabil Konstruktiounen. Si besti just aus Steng. Et gëtt kee Bëtong verschafft. Se ze bauen ass e faszinéierend Handwierk. A se si besonnesch Liewensräim.
headphones

10 min

play_arrow
Huewer: net just Fudder fir Päerd | © Bigstock

Huewer: net just Fudder fir Päerd

Huewer gëllt als Superfood. Et ass eng regional Planz, si ass bëlleg a gutt fir eis Gesondheet.
headphones

12 min

play_arrow
De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem? | © Bigstock

De Mëspel: Zauberpflanz oder Gefor fir d'Beem?

De Mëspel: tëschent Mythos a Realitéit - vun der helleger Planz bei de Gëtter bis zur Gefor fir eis Uebstbeem an de Bongerten
headphones

12 min

play_arrow
LEADER Projet Regional EnergieKooperativ | © LEADER Lëtzebuerg West

LEADER Projet Regional EnergieKooperativ

Zil ass et déi nohalteg Energieversuergung bei de Gemengen an de Bierger:innen ze fërderen.
headphones

9 min

play_arrow
Eng gutt Aktioun | © Bigstock

Eng gutt Aktioun

De 72 Stonne Bam-Planz-Challenge
headphones

13 min

play_arrow
De Wäert vun engem Bam | © Bigstock

De Wäert vun engem Bam

De Wäert vun engem Bam kéint net mei villfälteg sinn. E leescht eis ekologesch, ekonomesch a sozial Déngschter, déi net ze ënnerschätze sinn.
headphones

7 min

play_arrow
Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet | © Bigstock

Nohaltegen Tourismus - Transnationale Projet

Sujet vun engem Kooperatiounsprojet Projet tëschent der Regioun Mëllerdall a LEADER-Gruppen aus Finnland an Irland.
headphones

9 min

play_arrow
Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

Uferrandsträifen an Hochstaudenfluren

E Liewensraum mat enger grousser Schutzfunktioun
headphones

8 min

play_arrow
LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg | © Bigstock

LEADER beweegt déi ländlech Regiounen zu Lëtzebuerg

LEADER ass eng EU-Initiativ, déi innovativ Iddien an nohalteg Entwécklung am ländleche Raum ënnerstëtzt. Si setzt dobäi op regional Zesummenaarbecht an aktiv Biergerbedeelegung.
headphones

7 min

play_arrow
Kabesmatsch | © Bigstock

Kabesmatsch

Kabes ass Superfood, gesond an einfach am eegene Gaart ze zillen.
headphones

14 min

play_arrow
Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Dag vum Bam : Resilient Bëscher an Zäite vum Klimawandel

Am Klimawandel gi Bëscher staark gefuerdert. Resilienz, heemesch an zukunftsfäeg Bamarten sinn de Schlëssel fir natierlech, divers a vital Bëscher.
headphones

8 min

play_arrow
Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen | © Bigstock

Biodiversitéitkris och bei Notzplanzen

Net nëmme bei de Wëllplanzen, mee och bei de Kulturplanzen huet d’genetesch Vilfalt an de leschten honnert Joer staark ofgeholl.
headphones

15 min

play_arrow
Landwirtschaft a Biodiversitéit | © Bigstock

Landwirtschaft a Biodiversitéit

Eng Kulturlandschaft als Liewensraum
headphones

14 min

play_arrow