Europa Aktuell
/ Protest vu Klima-Aktivisten an Aktivistinnen a Portugal suergt fir Opreegung
Protest vu Klima-Aktivisten an Aktivistinnen a Portugal suergt fir Opreegung
4 min
A Portugal hate sech wärend der Klimakonferenz déi lescht Woch souwéi op ville Plaze jonk Aktivisten an Aktivistinne mobiliséiert. Si hu konkret d'Demissioun vum Wirtschaftsminister, engem fréiere Chef vu Pëtrols-Entreprisë gefuerdert a verschidden Unis-Fakultéiten a Lycéeën besat, fir op hir Revendicatiounen opmierksam ze maachen. Dat huet fir Opreegung gesuergt, an datt d'Police um Campus zu Lissabon intervenéiert ass, gouf net vu jiddwerengem gutt opgeholl.
D'Marie-Line Darcy iwwer déi Protester an d'Konsequenzen, déi elo ze erwaarde sinn.