Europa Aktuell
Energie-Charta-Traité: Lëtzebuerg deet sech schwéier
4 min
An der EU gëtt den Ament vill iwwer dee sou genannten Energie-Charta-Traité diskutéiert.
Deen internationale Vertrag staamt aus de 90er Joren. E sollt nom Enn vum Kale Krich dofir suergen, datt westlech Investitiounen am Energiesecteur vu fréieren Ostblock-Länner protegéiert sinn.
D'EU-Kommissioun huet eng Reform vum Traité proposéiert, allerdéngs hu schonn eng Partie Länner, wéi zum Beispill Däitschland oder Frankräich, annoncéiert, datt si wëllen aus dem Accord erauszeklammen.
Lëtzebuerg huet seng Positioun nach net bekannt ginn - gehéiert awer bis elo net zu de Kritiker vum Traité.