Europa Aktuell
Europa Aktuell
5 min
Dee wuel ëmstriddenste Pestizid, Glyphosat, dierf méiglecherweis an der Europäescher Unioun nach bis Enn 2023 weider agesat ginn. Dat obschonn d'EU-Länner net kloer dofir sinn.
Zu Lëtzebuerg ass den Asaz vu Glyphosat zanter zejoert verbueden. D'Mëttel gëtt awer nach ëmmer an de meeschte Länner vun der Europäescher Unioun gebraucht, fir sou genannten "Onkraider" dout ze sprëtzen. Et ass dowéinst ëmstridden, wëll Glyphosat op mannst a verschiddenen Etuden eng kriibserreegend Wierkung nogesot gëtt.
Wat stécht hanner der Decisioun vun der Europäesch Kommissioun, déi Autorisatioun elo géint de Wëlle vun de Länner verlängeren?