1881 gouf d'Schoul fir Kanner vu sechs bis 12 Joer obligatoresch, mat engem Gesetz, dat de Schoulmeeschter Mathias Adam mat ausgeschafft hat. 1884 grënnt hien d'Zäitschrëft "Pädagogischer Sprechsaal" a schreift 1895 ee Schoulbuch, well hien der Meenung war, datt d'Coursë fir déi net méi schoulflichteg Kanner och misste gratis sinn. Hien ass 1900 Matgrënner vum Lehrerverband a war 1912 um Schoulgesetz bedeelegt, ee Gesetz, dat am Laf vun de Joerzéngten ugepasst an eréischt virun e puer Joer duerch en neit Gesetz ofgeléist gouf.
De Mathias Adam stierft den 18. Februar 1936 am Alter vu 85 Joer. No him gouf 1979 de Lycée Technique Mathias Adam zu Péiteng benannt.