Dëse Wanter ass méi wéi jee Energiespueren ugesot. Iwwerall an der EU hunn d'Regierungen dofir Spuerpläng ausgeschafft. Manner hëtzen, d'Luuchten net esou laang uloossen, dat gehéiert meeschtens zu de proposéierte Mesuren.
Et gëtt do awer duerchaus Nuancen an ënnerschiddlech Iddien. D'Danièle Weber huet mat der Hëllef vum Radios-Réseau Euranet Plus ee Bléck drop geworf, wéi an der EU elo Energie gespuert gëtt.