Wichtege Vott haut am Europaparlament: Nom reegelrechte Klima-Krimi - dee sech virun zwou Wochen zu Stroossbuerg an der Plenière ofgespillt huet, gëtt haut een zweeten Ulaf geholl, fir een Accord ze fannen a wichtegen Dossiere vum Klimaschutz.
D'Chancen, datt dat klappt, sti gutt. Dat läit virun allem drun, well sech déi dräi grouss Parteien am Virfeld eens goufen. D'Danièle Weber doriwwer, wéi dëse Sträit um Enn kéint ausgoen.