Déi 27 EU-Memberstaaten gi sech Méi fir am Kontext vum Ukrain-Krich Zesummenhalt ze weisen, mee et ass ee sech net op alle Punkten eens. Dat huet dës Woch gewisen, wou Ungarn sech duerchgesat huet domat, datt de Patriarch Kyrill vun der Sanktiounslëscht erofgeholl gëtt.
Firwat et net sou einfach ass mat der Unitéit, analyséiert de Sandro Calderon vun der belscher RTBF.