Europa Aktuell
EU-Kommissioun adoptéiert polnesche Corona-Hëllefsplang
5 min
Polen soll elo och an de Genoss vun Corona-Hëllefsgelder vun der Europäescher Unioun kommen. No méintelaangem Sträit huet d'Europäesch Kommissioun gëschter gréng Luucht gi fir de polneschen Hëllefsplang, deen haut zu Warschau soll presentéiert ginn.
D'Decisioun war net onëmstridden, och ënner de 27 EU-Kommissären. Et gëtt Kritik, datt Polen net déi néideg Reformen am Justiz-System duerchgeféiert huet, an datt d'Kommissioun elo kleng bäi ginn huet. D'Danièle Weber informéiert.