Komplett zerstéiert Wunnengen, Leit déi sech iwwer Wochen a Kellere verstoppen, Läichen, déi op der Strooss léien - wann een d'Biller vum Krich an der Ukrain gesäit, da kann een am Fong nëmme frou sinn, datt een net selwer op der Plaz ass. Mee ginn et och Leit, déi extra wéinst dem Krich an d'Ukrain reesen - mam Zil d'ukrainesch Arméi ze ënnerstëtzen.
De Rick Mertens huet mat engem jonke Lëtzebuerger geschwat, deen dat gemaach huet.