arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

En Allheelmëttel, therapeutesch Wierkungen an e Genoss an der Kichen.


Invitée ass d'Dieticienne Lis Muller


"Knuewelek ass antioxidativ, gutt bei Entzündungen, an e stäerkt den Immunsystem, huet gutt Auswierkungen op de Fettstoffwiessel an den Bluttdrock. Et sinn haaptsächlech déi schwiefelhalteg Substanzen, déi déi pharmakologesch Wierkungen ausmaachen, an déi och de charakteristesche Geroch an Aroma ausmaachen."


Et ginn e puer Methoden de Knuewelek ze verschaffen:


"Wann eng Knuewelekszéif verletzt gëtt, d. h. gepresst, oder kleng geschnidden gëtt, da setzt se Chemikalie fräi. Doraus entsteet Allicin, deen den typesche schaarfe Knueweleksgeroch ausmécht.


Wann de Knuewelek mat oder ouni der Schuel just zerdréckt gëtt, bleift den Aroma méi duuss. Wat méi reng gehackt, wat méi Allicin fräigesat gëtt.


Wann d'Knuewelekszéif ganz bleift an z.b blanchéiert gëtt an am Ueleg ageluecht gëtt, am ganzen an enger Britt matgekacht, mat Mëllech opgekacht oder als Knoll agewéckelt am Schäffchen mëll gekacht gëtt, dann gëtt en méi en doucen séis-salzegen Aroma fräi.


Knuewelek verléiert säin schaarfen Geroch duerch d'Erhëtzen, an entwéckelt bis 150 Grad e ganz agreabelen Röstaroma, hei awer gëllt et opzepassen fir e net iwwer 180 Grad ze erhëtzen, da kritt e gären e batteren Goût."


Hei nach Recommandatiounen vun der Ernährungsberoderin, wann een de Knuewelek gär huet, mee en net gutt verdréint:


• Eng Schossel mat Knuewelek areiwen; fir den Plat deen dran kënnt ze aromatiséieren


• Ail chinois, och Knolauch genannt gesäit aus wéi Bratzelen, schmaacht no Knuewelek ass och vill besser ze verdauen


• Bärlauch, kann een wonnerbar an Vinaigretten an an Omelette verschaffen. Am beschten grad wéi bei Bratzelen, eréischt zum Schluss bäifügen


• Oder eng kleng Bärlauchpesto mat décken Nëss ass regional a schmaacht wonnerbar, oppassen awer fir de Bärlauch net mat den gëftegen Blieder vun den Meeréisercher ze verwiesselen, déi wuessen dacks op de selwechten Platzen."


Géint de staarke Geroch vum Knuewelek, fir déi, déi domadder geplot sinn, kann ee net vill maachen:


"D'Moleküllen déi den typeschen Knuewlecksgout ausmaachen dënnsten iwwer den Otem an d'Haut aus. Wat hëllefen soll, ass Péiterséileg oder Peffermënzblieder, oder Kardamom knaen wou d'huiles essentielles sollen de Geroch verdreiwen."


Gastronomesch intressant Konservéierungsmethoden:


"Knuewelek gëtt gereechert; bekannt ass den gereechert Knuewelek vun Arleux, ( indication géographique protégée) en Hält sech duerch 'Reecheren e puer Méint a kritt en liicht holzegen Aroma, wou vun Feinschmecker gesicht ass.


Ursprénglech a Nord Japan an der Géigend vun Aomori gëtt den schwaarzen Knuewelek hiergestallt: Hei gëtt neien Knuewelek am Mierwaasser bei kontrolléierter Temperatur an Loftfiichtegkeet wärend 45-60 Deeg zéien gelooss. D 'Resultat ass e Knuewelek deen bannen dran schwaarz ass, doucen Aroma no gedréchent Quetschen Mokuch, huet. Grouss Kichecheffen gebrauchen en souguer an Desserten, z.b. kombinéiert mat Schockela."


Eng Serie vum Angie Maquil


Bibliographie Lis Muller:


Lecerf, J.-M. S.-L. (2020). Nutrition préventive et thérapeutique. (p. 37 et 61). Elsevier Masson.


Lucía Melguizo-Rodríguez, a. (2022, février). Biological properties and therapeutic applications of garlic and its components. Food & Function.


St., F. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionnieren. DK Penguin Random House.


Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest.


Vierich T., V. T. (2020). Aroma essenziell. STiftung Warentest.

Episoden

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng | © EHTL

Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng

2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
headphones

6 min

play_arrow
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
headphones

11 min

play_arrow
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese? | © Bigstock

Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?

Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
headphones

7 min

play_arrow
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill | © vitaliymateha / Pexels

Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill

Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass Prädiabeetes?

Wat ass Prädiabeetes?

Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.
headphones

4 min

play_arrow
Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen | © Bigstock

Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen

Beléift fir ze iessen an als Dekoratioun
headphones

10 min

play_arrow