arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Roots & Seeds

Roots & Seeds

Urban Village, dat si véier Sänger a Museker, déi zu Soweto gebuer an opgewuess sinn, an déi d'Apartheid kannt hunn, wéi se op en Enn koum. Op hirem Debut-Album "Udondolo" hale si traditionell Xhosa a Zulu-Kläng an Éieren a vermëschen dës mat Jazz, Blues a Rock.


De Samba Toure ass e Vertrieder vum Wüste-Blues aus dem Mali, hien huet och e puer Joer mam Ali Farka Toure zesummegeschafft. Südlech vun der Sahara opgewuess an enger Géigend, déi Binga genannt gëtt, esou huet hie säi véierten Album "Binga" genannt.


Den argentinesche Museker Ignacio Maria Gomez verëffentlecht säin Debut-Album "Belesia", e richteg schéinen Album, wou den Ignacio dat musikalescht Ierwe vun den afrikanesche Sklaven ënnersträicht.


De Meeschter vum Xylophon aus dem Ghana, Isaac Birituro, huet en Album mam englesche Produzent a Singer-Songwriter Sonny Johns aka The Rail Abandon opgeholl. Mir lauschteren d'Single Auskopplung.


Zwee Titele vum Anthony Joseph, britteschen, trinidadesche Schrëftsteller a Museker, sengem neien Album "The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives".


Den amerikaneschen Jazzsänger Kurt Elling verëffentlecht elo gläich en neien Album, dee "Super Blue" iwwerschriwwen ass. E soll den 8. Oktober erauskommen, en Disk, deen an der Zesummenaarbecht mam Charlie Hunter, Corey Fonville an DJ Harrison vu Butcher Brown, entstanen ass. Hei e klenge Virgeschmaach op eng villverspriechend Collaboratioun.


De franséische Pianist Augustin d'Assignies hëlt eng éischt Ep ënner sengem Numm op, "A Seed Story" iwwerschriwwen. Hien huet an de leschten zéng Joer fir bekannte Leit gespillt wéi e Lilly Wood and the Prick, Ayo oder Zaz.


Och e Virgeschmaach op deen neien Album vum kanadesche Singer-Songwriter Geoffroy, dee fir d'nächst Joer ugekënnegt gëtt. Den Titel "Cold World" léisst dem Artist seng Reflektiounen erkléngen iwwer den Zoustand vun eiser Welt haut ...


Playlist:



Urban Village - Ubusuku - Udondolo

Samba Touré - Fondo - Binga

Ignacio Maria Gomez - Tchen Dorò - Belesia

Isaac Birituro & The Rail Abandon - Bill - Bill - Single

Anthony Joseph - Maka Dimweh - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives

Kurt Elling - Sassy (feat. Charlie Hunter) - SuperBlue (feat. Charlie Hunter)

Omar Sosa - Ravann Dan Jazz (feat. Menwar) - An East African Journey

Augustin d'Assignies - A Seed Story - A Seed Story - EP

Geoffroy - Cold World - Cold World - Single

Thibaud Defever & Le Well Quartet - L'artillerie lourde - Le temps qu'il faut

Avishai Cohen - When I'm Falling - Two Roses

Anthony Joseph - Swing Praxis - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives


Episoden

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow

Hip and Hop

Decouverte aus dem Sudan, Musek aus dem Libanon an Italie vun de 70er Joren an e "conscious" Rap.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2026

Songwriting vum Feinsten, eng nei Anthologie mat renomméierten Artisten, d’Hammond Uergel a gudden Hänn an e bësse Blues
headphones

56 min

play_arrow

Ride out the Storm

En Evergreen aus de 60er, eng post-punk Band melancholesch revisitéiert, Afobeat aus der Fela-Community an en Album iwwer d'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt
headphones

56 min

play_arrow

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow