arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ De Mineralstoff Kalzium

De Mineralstoff Kalzium



Ee Kilo Kalzium an eise Schanken


D'Funktioun vum Kalzium an eisem Kierper.


Wou gëtt Kalzium am Kierper gebraucht? Wat si wichteg Kalzium-Quellen an ass Kalzium als eenzegen Närstoff wichteg, fir sech géint Osteoporos ze schützen?



Wann de Kierper iwwer eng laang Zäit net genuch Kalzium duerch d'Ernärung kritt, fänkt en un de Kalzium an d'Schanken sichen ze goen, an dat kann d'Struktur, d'Elastizitéit an d'Stabilitéit vun de Schanken ofschwächen. Wann dat geschitt, schwätzt ee vun Osteopenie oder am erweiderte Stadium vun Osteoporos. De Mangel u Kalzium kann awer och duerch verschidden aner Facteure begënschtegt gi wéi Medikamenter, Daarmerkrankungen, e Manktem u Beweegung, ze wéineg Vitaminn D oder ze vill Proteinnen an der Ernärung.


Kalzium fënnt een a relativ héije Quantitéiten a Mëllechprodukter wéi Kéis, Stoffi a Jughurt awer dat heescht net, datt wann ee keng Mëllechprodukter ësst, z. B. well een eng Allergie huet oder sech vegan ernäert, automatesch e Kalzium-Manktem huet. Och Liewensmëttel op Basis vu Soja hu vill Kalzium oder gréng Bounen, grénge Kabes, Fenchel, Brokkoli, Spinat, Rucola - gréngt Geméis oder Nëss a Sesam-Kären.


Als Preventioun géint Osteoporose ass et net nëmmen de Kalzium dee wichteg ass. Kalzium eleng bréngt et net fäerdeg d'Dicht vun de Schanke wesentlech ze verbesseren. Wichteg ass et, scho jonk op eng gesond Ernärung mat villen Närstoffer opzepassen, well an den éischten 30 Liewensjore gëtt den Haaptdeel vun eiser Mass vu Schanken opgebaut. Dofir brauch ee genuch Kalorien a genuch Proteinnen, awer net ze vill. Ideal sinn och op d'mannst 400-500 Gramm Geméis an Uebst den Dag. Dat liwwert niewent Kalzium nämlech och aner Vitaminne wéi Folsaier oder Vitaminn C, de Mineralstoff Magnesium an aner wichteg Spuerenelementer wéi Zénk a Koffer, déi all zesummen och wichteg si fir gesond Schanken.


Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.


Buchtipp Céline Genson Bibliographie: Burgerstein. "Handbuch Nährstoffe" Trias Verlag. 2018


Episoden

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng | © EHTL

Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng

2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
headphones

6 min

play_arrow
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
headphones

11 min

play_arrow
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese? | © Bigstock

Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?

Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
headphones

7 min

play_arrow
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill | © vitaliymateha / Pexels

Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill

Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass Prädiabeetes?

Wat ass Prädiabeetes?

Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.
headphones

4 min

play_arrow
Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen | © Bigstock

Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen

Beléift fir ze iessen an als Dekoratioun
headphones

10 min

play_arrow