Mat Hëllef vu Moossapparater déi bei Privatleit doheem installéiert goufen, sinn an de leschte Méint Donnéeën zum Trafic an néng Stroossen zu Bouneweg gesammelt ginn.
Dem Stater Gemengeconseiller vun déi gréng, François Benoy, no wier d’Resultat, datt den Tempo 30 dacks net respektéiert géing ginn, et ze vill Transitverkéier géif ginn an d’Vëlosfuerer sech onsécher géife fillen.
Stater Gemengerot misst méi séier Mesuren op de Wee bréngen fir de Verkéier ze berouegen
Vum Stater DP-CSV Gemengerot, géif een dofir elo eng besser Infrastruktur erwaarde fir de Verkéier an deene Stroossen ze berouegen, esou de François Benoy.
"Déi néng Compteuren, déi mer elo hunn, déi ginn eis eigentlech schonn e ganz gutt Bild vu Bouneweg. (...) Dat heescht, mir hunn am Fong e gutt Bild fir Bouneweg, elo kucke mer, wéi et sech weiderentwéckelt. Et ass e participative Projet, heimadder kënne mer elo relativ gutt fir Bouneweg scho gesinn, wéi d'Situatioun elo ass, wou et Schwaachstelle ginn. A virun allem kënne mer och evaluéieren, wann d'Stad Lëtzebuerg elo Mesurë mécht, wat mer fuerderen."
Déi wier awer Zitat - an engem Schleeckentempo ënnerwee - esou de François Benoy. Mat Hëllef vun deene Computere kéint een awer séier erkennen, wat Mesure vun der Stad kéinte bréngen, esou nach de grénge Gemengeconseiller.
Den Ament géif et d’Initiativ Smart Citizens just zu Bouneweg ginn. Zil wier et awer dat och op aner Stater Quartieren ze erweidere sou nach de François Benoy.
Méi wéi d'Hallschent vun den Autoen ze séier
De Patrick van Egmond, Matbegrënner vun der Initiativ a Member vun déi gréng, huet erkläert, datt a verschidde Stroossen d’Hallschent vun den Autoen déi ee géif moossen ze séier wieren.