An All Kéiers ginn et fir d’Passagéier Alternativen zum Zuch, nämlech Busser, déi wärend de Stousszäiten all Véierelstonn fueren a soss all hallef Stonn.
Och RGTR-, an TICE-Busser als Alternativ
Déi Chantieren op der Bunn gi wärend de Schoulvakanze programméiert, well een da méi Busser zur Verfügung hätt, erkläert d’Alessandra Nonnweiler. Spriecherin vun der CFL.
"Ech ginn einfach e Beispill: tëschent Lëtzebuerg an Esch oder och Beetebuerg Esch oder Esch Belval, do hu mir eng ganz Rei Bussen, déi mir en place gesat hunn. An ausserdeem ass et och esou, datt mir en complément natierlech och nach ëmmer zu eise Clientë soen, huelt Busse vum RGTR, oder wat de Süden ugeet, vum TICE."
Et misst ee mam Bus 10 bis 15 Minutte méi fir all Trajet virgesinn, esou d’Alessandra Nonnweiler weider.
Och Aarbechten an der Belsch
Datt Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel gespaart wier hätt net nëmme mat Entretiensaarbechten zu Lëtzebuerg ze dinn, preziséiert d’Alessandra Nonnweiler.
"Grad am Grenzberäich Belsch-Lëtzebuerg ass et esou, datt do Aarbechte gemaach ginn, wierklech op der Grenz och vun eise belsche Kolleegen, wou eng ganz Rei vu Schinnen a Schwelle wäerten ersat ginn, fir einfach d'Stabilitéit vun der ganzer Structure portante vun de Gleiser eebe ka garantéiert ginn."
Keng Erneierung zënter 25 Joer
Op der Streck Lëtzebuerg-Gouvy ginn tëschent de Brécke Polvermillen an Niedergrünewald 6 Kilometer Gleis erneiert, ënner anerem ginn do 1.600 Schwellen ersat.
Néideg sinn déi Aarbechten, well déi Streck zënter 25 Joer net erneiert gouf. Dat selwecht gëllt fir den Tronçon tëschent Luerenzweiler a Lëntgen. Dee längsten Tronçon, wou d’Schinnen ersat ginn, concernéiert d’Streck Lëtzebuerg-Esch-Rodange.
"Do hu mir erëm eisen Ëmbauzuch, wéi mir en nennen, am Asaz, fir do net manner wéi bal 16 Kilometer Schinnen ze ersetzen, 13.000 Schwellen an och 6.000 Tonne Ballast. Do huele mir einfach den Ëmbauzuch tëschent Beetebuerg a Scheierbierg."
Zu Dummeldeng ass iwweregens och ee Chantier, well den ënnerierdesche Passage fir Foussgänger a Vëloe virbereet gëtt.