arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwou weider verstuerwe Geiselen un Israel zeréck ginn

Noen Osten

|
headphones

1 min

Zwou weider verstuerwe Geiselen un Israel zeréck ginn

Israel huet déi zwou weider Läichen identifizéiert, déi d‘Hamas um Dënschdeg zeréckginn huet. Et géif sech ëm déi stierflech Iwwerreschter vu Geiselen handelen, déi vun der Hamas entféiert goufen, huet Israel confirméiert. 

headphones

1 min

Dat internationaalt Roud Kräiz ass bei der Sichaktioun no de Läichen vun den israeelesche Geiselen dobäi   | © EPA/HAITHAM IMAD
Dat internationaalt Roud Kräiz ass bei der Sichaktioun no de Läichen vun den israeelesche Geiselen dobäi (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)

Domat huet d‘Hamas bis elo 15 verstuerwe Geiselen zeréckginn. Et bleiwen der nach 13. Dem Waffestëllstand-Accord no muss d‘Hamas 28 verstuerwe Geiselen zeréck un Israel ginn. 

Mat der Ëmsetzung vum Waffestëllstand-Accord tëschent Israel an der Hamas géif et iwwerdeems besser goen, wéi erwaart. Dat sot den US-amerikanesche Vize-President JD Vance bei enger Visitt an Israel. Hien huet dobäi och déi radikal islamistesch palästinensesch Hamas gewarnt: Si géif ausgeläscht ginn, wa si net weider kooperéiert.

IGH: Verstéisst Israel géint internationaalt Recht?

Den internationale Geriichtshaff vun de Vereenten Natioune befaasst sech haut um Mëttwoch nach emol mat der Fro, ob Israel am Krich an der Gazasträif géint internationaalt Recht verstouss huet. Op Demande vun der UNO-Generalversammlung sollen d‘Riichter zu Den Haag en Avis ofginn, ob dee méintelaangen israeelesche Blockage vun der humanitärer Hëllef ee Verstouss géint internationaalt Recht war oder net.

Israel huet deementspriechend Beschëllegunge bis elo ëmmer zeréckgewisen. Den Avis ass juristesch net bindend, mee kéint den Drock op Israel verstäerken.