arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eskalatioun am Noen Osten: UN-Sécherheetsrot rifft urgent Sëtzung an

International

|
headphones

3 min

Eskalatioun am Noen Osten: UN-Sécherheetsrot rifft urgent Sëtzung an

Den Owend um 10 Auer eiser Zäit kënnt d'UNO zu New York fir eng “Réunion d'urgence” zesumme, fir iwwer d’Eskalatioun am Noen Osten ze beroden. Frankräich a Bahrain haten dës Sitzung gefuerdert. Dat huet déi israeelesche Botschaft bei de Vereenten Natioun bekannt ginn.

headphones

3 min

© UN Photo
(Foto: UN Photo)

Den UN-Generalsekretär António Guterres verurteelt d’Eskalatioun am Noen- a Mëttleren Oste schaarf. Hien fuerdert, datt déi militäresch Attacke vun alle Säiten direkt gestoppt ginn, a rifft zur Deeskalatioun op. All Parteie missten sech zesummen un de Verhandlungsdësch setzen.

Von der Leyen a Costa appelléieren un "nuklear Sécherheet"

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de Rotspresident Antonio Costa hunn an enger gemeinsamer Erklärung d’Entwécklungen am Iran als “besuergneserreegend” beschriwwen. D’Garantie vun enger “nuklearer Sécherheet” misst weider ugestrieft ginn. Dofir misst ee weider Eskalatioune vum Konflikt absolut vermeiden. Si ruffen all d’Parteien zur maximaler Zréckhalung op an appelléieren un dat international Vëlkerrecht. Zivilbevëlkerung misst geschützt ginn.

Europäesch Regierunge reagéieren ënnerschiddlech

D‘Lëtzebuerger Regierung suivéiert d‘Situatioun am Iran anan der ganzer Regioun mat vill Suergen, heescht et an engem Communiqué. De franséische President Emmanuel Macron huet op X geschriwwen, datt den Iran elo keen anere Choix méi hätt, wéi serieux Verhandlungen iwwert säin Atomprogramm ze féieren.

Hien huet och drop verwisen, datt d’Bevëlkerung am Iran frei misst sinn, selwer iwwert hier Zukunft ze decidéieren. Den Donald Trump wëll mat den Attacke jo ënnert anerem e Regimmwiessel erzwéngen. Den Emmanuel Macron huet fir 6 Auer den Owend e Conseil de défense zu Paräis aberuff.

Déi brittesche Regierung warnt, datt déi aktuelle Situatioun sech net zu engem gréisse Konflikt an der Regioun ausbreeden dierft. 

Selensky lueft d'USA 

De Spuenesche Regierungschef Sanchez kritiséiert d’Attacke vun den USA an Israels. Dës géifen zu enger onsécherer a feindséileger Weltuerdnung féieren.

Den Ukraineschen President Selenskyj lueft par contre d'US-Attacken. “Ëmmer wann d’USA entschlossen handelen, da géifen international Verbriecher méi schwaach”, esou de Selenskyj an enger Videobotschaft. Dëst Versteesdemech misst och Russland areechen.

Russland ënnerstëtzt Iran militäresch 

Russland condamnéiert d‘Attacke schaarf, d‘USA hätten elo hiert richtegt Gesiicht gewisen, sot de fréiere Premier Medwedew. D'USA géifen déi ganz Regioun a Gefor bréngen.

Russland ënnerstëtzt sengersäits den Iran och militäresch. Virun 10 Deeg hat Russland Krichsschëffer an de strategesch wichtege Golf vum Oman schécke. Un dësem Manöver wieren och d‘Iranesch Revolutiounsgarde bedeelegt. D‘USA hate schonn an der Vergaangenheet mat engem militäreschen Asaz gedreet, wann den Iran säin Atomwaffeprogramm net géif reduzéieren. Den Iran huet am Kader vun de Gespréicher mat den USA säi Recht verdeedegt Uran unzeräicheren.

China huet een Enn vun de militäresche Handlunge gefuerdert. D’Souveränitéit vum Iran misst respektéiert ginn heescht et aus Peking.