arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwou Millioune Mënsche vun den Iwwerschwemmunge betraff

Thailand

|
headphones

1 min

Zwou Millioune Mënsche vun den Iwwerschwemmunge betraff

Am Süde vun Thailand sinn op mannst 33 Mënsche wéinst schroen Iwwerschwemmungen ëm d'Liewe komm. Déi thailännesch Arméi gouf elo agesat fir ze hëllefen.

headphones

1 min

EPA/ROYAL THAI ARMY  | © EPA/ROYAL THAI ARMY
Schro Iwwerschwemmungen an Thailand (Foto: EPA/ROYAL THAI ARMY )

Déi thailännesch Regierung setzt elo Helikopteren an, déi Liewensmëttel an Hëllefsgidder iwwer de schlëmmste Gebidder sollen erofloossen. Op verschiddene Plaze steet d'Waasser esou héich, datt d'Leit sech op d'Diecher vun hiren Haiser misste retten. 

Vu Méindeg op Dënschdeg wier d'Waasser plazeweis ëm bal 2 Meter geklomm. 

Laut thailännesche Medien kéint et nach Wochen daueren, bis d'Waassermasse sech zréckgezunn hätten. Den Ausléiser ass ee Rekord-Monsunreen, deen och Malaysia an Indonesien trëfft.