Bis gëschter hu sech eng 480 Betraffener beim Ausseministère gemellt. Reell blockéiert wieren 320, déi an den Emirate festsëtzen. De Fluchverkéier an den Emiraten ass duerch de Konflikt uerg perturbéiert. De Xavier Bettel huet dann awer ugekënnegt, datt eng Luxair-Maschinn ënnerwee wier an de Süde fir - wann et bis méiglech ass - d‘Leit erëm zeréckzebréngen.
An et géif een ënner anerem d‘Méiglechkeet préiwen als Regierung ee Fliger ze lounen, fir eventuell an den Oman ze fléie fir d‘Leit vun do ze rapatriéieren.
Eventuell Zesummenaarbecht mat der Belsch
Weider géif ee mat der Belsch zesummeschaffen, fir d‘Leit erëm zeréckzebréngen, esou nach de Xavier Bettel. Déi belsch RTBF mellt dann och, datt de belschen Ausseminister Maxime Prévot eng Rapatriements-Aktioun mat Militärfligeren ugekënnegt hätt. Et géife prioritär Touristen zeréckbruecht ginn, heescht et.
Wéinst der Sécherheetslag goufen am Ganzen zanter Ausbroch vum Krich eng 19.000 Fluchverbindungen annuléiert. E puer kommerziell Volle wieren haut zwar a verschiddenen Zonen erëm opgeholl ginn, heescht et. De Fluchverkéier ass awer weider ganz perturbéiert a potenziell geféierlech. Katar huet haut eegenen Aussoen no iranesch Ugrëff op säi Fluchhafen ofgewiert.