An engem Bësch goufen zwee doudeg Wëllschwäi fonnt, déi mam Virus infizéiert waren. Et sinn déi éischt Fäll vu Schwéngspescht a Spuenien zënter 1994. De betraffene Bësch ass komplett ofgespaart an ee Gesondheetsalarm gouf ausgeruff.
Déi spuenesch Schwéngsbauere weisen sech besuergt iwwer den Ausbroch vun der Schwéngspescht.