arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen: "Wat beim Bauer an der Täsch ukënnt, bleift dat selwecht"

Pläng fir EU-Budget 2028-34

|
headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Christophe Hansen: "Wat beim Bauer an der Täsch ukënnt, bleift dat selwecht"

Ofgeséchert wieren och an Zukunft déi direkt Hëllefe fir d'Baueren, d’Agrarëmweltmesuren an d'nvestitiounshëllefen, esou d'Erklärung vum EU-Kommissär Christophe Hansen zu de Pläng fir den EU-Budget fir d'Joren 2028 bis 2034.

headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Well den EU-Budget restrukturéiert gëtt, géif sech änneren, datt d'Formulairen, déi d'Bauere mussen ausfëlle manner ginn, esou den EU-Kommissär fir Landwirtschaft a fir ländlech Entwécklung Christophe Hansen am 100,7-Interview.

Hien huet d'Pläng vun der EU-Kommissioun fir den EU-Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 erkläert.

"Direkt Hëllefen ofgeséchert"

Dat wat "beim Bauer an der Täsch" ukënnt, géif dat selwecht bleiwen, huet de Lëtzebuerger CSV-Politiker an Aussicht gestallt.

“Dat heescht direkt bei Hëllefen am sougenannten éischte Pilier vun der gemeinsamer Agrarpolitik, mee awer och Agrarëmweltmoossnamen aus dem zweete Pilier an zum Beispill och Investitiounshëllefen, déi jo och wichteg si fir d'Modernisatioun vun de Betriber. Dat ass alles ofgeséchert an dat sinn déi méi wéi 300 Milliarden, déi elo do feststinn, fir déi nächst Joren. Dat war wichteg, well eis Bauere brauche Previsibilitéit. Si hunn Investitioune gemaach, beziehungsweis wëllen Investitioune maachen. An dofir mussen déi Suen, déi direkt um Betrib ukommen, ofgeséchert sinn. An dat ass heimadder geschitt.”

Mesurë fir de Generatiounswiessel an der Landwirtschaft

D'Bauere wäerte "keng Sue verléieren", huet de Christophe Hansen versprach. Hien huet awer och dorun erënnert, datt d'EU-Memberstaaten net méi an déi gemeinsam europäesch Keess wéilten abezuelen. Dowéinst misst ee "méi effikass schaffen".

“Da wëlle mer awer och kucken, datt zum Beispill besonnesch Jongbaueren an Neibauere besser ënnerstëtzt ginn. Mir (...) hu Betriber an der Europäescher Unioun, déi 10 .000 Hektar hunn. Muss ee Betrib, deen 10.000 Hektar huet, dat selwecht pro Hektar kréie wéi een, deen ech soen elo nëmme 50 Hektar huet?”

Dowéinst géif eng Degressivitéit proposéiert ginn, bei de Sue pro Hektar. Déi Baueren, déi am meeschte wäerte brauchen, wäerten och méi Sue kréien.

“An déi, déi vläicht manner brauchen, well si einfach scho vill méi grouss sinn, déi kënnen, wäerten op deene leschten Hektaren e bësse manner Sue kréien. Mee dat ass wichteg, fir datt mir och de Generatiounswiessel hikréien, well dat ass nämlech de grousse Problem. Mir hunn am Moment manner wéi 12 % vun eise Baueren an der Europäescher Unioun, déi ënner 40 Joer sinn. A wa mir deen Trend net ëmgedréit kréien, dann ass eis Liewensmëttelsécherheet net méi garantéiert an der Zukunft.”

D'Presidentin vun der EU-Kommissioun Ursula von der Leyen wëllt de laangfristegen EU-Budget däitlech vergréisseren, fir zousätzlech Investitiounen an d’Sécherheet an an d’Verdeedegung méiglech ze maachen. De Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 soll op ronn 2 Billiounen Euro wuessen: dat wiere ronn 700 Milliarde méi wéi fir déi aktuell Budgetsperiod vu 7 Joer.

play_arrow Lauschteren