Eng Camionnette vun der Croix-Rouge ass wärend dëser Woch och zu Lëtzebuerg ënnerwee, fir ënner anerem de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, sech op den HIV-Virus testen ze loossen, erkläert d’Laurence Mortier, d’Chargée de direction vum Service HIV-Berodung vum Roude Kräiz am 100,7-Interview.
D’Camionnette déngt als gratis an anonym Berodungs- an Teststatioun fir Krankheete wéi HIV, Hepatitt C a Syphilis. Ee Service, deen a Kooperatioun mam CHL (Centre Hospitalier de Luxembourg) a mam Gesondheetsministère, souwéi mat der Ënnerstëtzung vun der Associatioun Stop Aids Now and Access, erméiglecht gëtt. Op déi Manéier goufen dës Woch bis elo ëm déi 40 Leit getest.
Nach ëmmer leide Leit un HIV ouni et ze wëssen
Bei der Testing Week handelt et sech ëm eng Initiativ vu verschiddenen europäeschen Associatiounen, déi sech 2013 zesummegedoen hunn, fir dee Projet op d’Been ze stellen. D’Zil wier et gewiescht, d’Bevëlkerungen an Europa iwwer d’Theema vun de sexuell iwwerdrobare Krankheeten ze sensibiliséieren.
Dëst Joer wieren et méi wéi 100 Associatiounen op europäeschem Plang, déi un der European Testing Week drun deelhuele géifen, seet d’Laurence Mortier. Esou eng Woch wier wichteg, well et nach ëmmer Mënsche gëtt, déi ouni et ze wësse mam HIV-Virus infizéiert sinn.
Dacks mierke Leit dat awer réischt vill ze spéit, well et ufanks keng staark Symptomer géif ginn. Och wier d’Testing Week wichteg fir iwwer all déi aner Geschlechtskrankheeten opzeklären, seet d’Chargée de direction vun der HIV-Berodung.
Sech teste loosse kascht näischt
Et gëtt verschidden Ulafstelle fir sech testen ze loossen. Nieft der Croix-Rouge bidden och déi verschidde Lëtzebuerger Laboen Tester un, dorënner Ketterthill, BIONEXT a Laboratoires Réunis.
No der European Testing Week ginn och de Rescht vum Joer op verschiddene Plaze gratis Tester ugebueden, beispillsweis bei der HIV Berodung vun der Croix-Rouge, seet d’Laurence Mortier. Hei gi Schnelltester gemaach, bei deenen e bësse Blutt vun der Fangerspëtzt geholl gëtt. D’Resultater kommen dann och schonn e puer Minutten méi spéit eraus. Am Fall wou ee positiv Resultater kréie sollt, gëtt engem dann och direkt op der Plaz weidergehollef.
Der Laurence Mortier no sinn zu Lëtzebuerg 85 Prozent vun de Leit, déi mat HIV infizéiert sinn, getest. D’Zil wier et awer, op 95 Prozent ze kommen. Heifir misst ee weider testen an och d’Sensibiliséierungsaarbecht weiderféieren.
Wann et ëm déi aner Geschlechtskrankheete geet réit d’Laurence Mortier, sech reegelméisseg kontrolléieren ze loossen. Et wier och wichteg, aktiv no dëse Kontrollen ze froen, well déi dacks net bei Routinekontrolle vum Dokter gemaach ginn. Dat géif och fir d’Kontrolle beim Gynekolog gëllen.