D‘Schëff wier op enger bekannter Drogenhandelsroute ënnerwee gewiescht a géif engem Grupp gehéieren, dee vun den USA als Terrororganisatioun agestuuft gëtt, argumentéiert nach Washington.
Fir eng éischte Kéier sollen d‘USA an deem Kader och venezuelanescht Festland attackéiert hunn. Den Donald Trump huet vun engem Ugrëff op eng Hafenanlag geschwat, ouni awer Detailer ze nennen.
Verstouss géint d'Vëlkerrecht
An de leschte Méint koumen iwwer 100 Mënsche bei US-Attacken op presuméiert Schmugglerbooter am Pazifik ëm d‘Liewen.
Kritiker nennen dëst ee Verstouss géint d‘Vëlkerrecht, well d‘Booter dacks an internationalem Gewässer ënnerwee wieren. Den Donald Trump schwätzt vun enger Lutte géint den Drogenimport.