Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zuel vu Faillitte bléift stabel

Éischte Quartal 2025

Zuel vu Faillitte bléift stabel

Eng 300 Betriber hätten an den éischten 3 Méint vum Joer Faillite gemaach, also bal genee esou vill wéi am éischten Trimester zejoert, esou de Statec. Par contre wier de Verloscht vun Aarbechtsplazen duerch dës Faillitte manner grouss, wéi nach d‘Joer virdrun. De Statec schätzt, datt et do eng Baisse vu 27 Prozent gouf.

auto_stories

1 min

Faillite | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Faillite (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

De Bausecteur ass zënter 2023 am stäerkste betraff vu Faillitte. Am éischte Quartal vum Joer ass d’Zuel vun de Faillitte hei op 50 Fäll gefall. Dat ass e Réckgang vu 15 Stéck am Verglach zu där selwechter Period zejoert.

De Commerce verzeechent 37 Faillittem: Dat ass eng Baisse vun 21 Prozent. An och de potentiellen Aarbechtsplazeverloscht am Commerce geet ëm 17 Prozent erof.

Am Géigesaz zu deene positiven Entwécklunge steet d’Situatiounam Horesca. Hei ass d’Zuel vun de Faillitte op 38 geklommen. Dat ass eng Hausse vun 31 Prozent.