Ronn 70 Membere vum OGBL an LCGB hu sech op der Cloche d'Or zesummefonnt fir géint de Gesetzesprojet zur Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce ze protestéieren. Zil war et, de Public géigeniwwer negative Konsequenze, déi dëse fir d’Salariéen hätt, ze sensibiliséieren. Kritik gëtt et ënner anerem un der Aart a Weis wéi ee géif virgoe fir dësen ze realiséieren, sou den Tiago Afonso vum LCGB.
"Also mir sinn um Punkt ukomm wou mol keng Diskussioun ass. Dat gëtt einfach sou entscheet, d’Gewerkschaften hunn do näischt mat ze entscheeden – Dat fir eis geet net. Ech mengen et gëtt e Sozialdialog an et soll een deen och respektéieren."
Salariéë verléieren een Deel vun hire Rechter
Weider géif eng Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, ënner de Konditiounen, déi de Gesetzesprojet aktuell virgesäit, zu engem Verloscht vun der Rechter vun de Salariéë féieren, erkläert den Tiago Afonso. Anescht wéi nach bei der fräiwëlleger Sonndesaarbecht, déi iwwert Kollektivvertrag verhandelt goufen, géif dem Salarié hei de Choix geholl ginn.
"Do gëtt et kee libre-choix méi. Dat heescht mir hunn déi Kollektivverträg verhandelt, eppes Guddes fir de Salarié, fir datt en dat eis lo dat ewech hellt – do si mer komplett dogéint."
Salariéen um Protestpiquet gesi keen Notzen a méi laangen Ouvertureszäiten
Um Protestpiquet hu verschidde Salariéë wéineg Versteesdemech fir dës Initiativ vun der Regierung gewisen. Si maache sech Suergen, wéi een Impakt d’Verlängerung vun den Ëffnungszäiten op hir Aarbechtszäite wäert hunn, a gläichzäiteg gesi si keen Notzen hannert der Verlängerung.
Iwwerdeems hunn d’Gewerkschaften um Protestpiquet annoncéiert, sech weider dofir anzesetzen datt de Gesetzesprojet iwwerschafft gëtt. Si fuerderen, datt d’CSV-DP-Regierung hinnen e Matsproocherecht gëtt, fir datt d’Salariéen um Ënn net als déi grouss Verléierer do stinn. Bis dohi wëllen d’Gewerkschafte weider vun all Geleeënheet profitéieren, fir hir Kritik um Projet héieren ze loossen.