arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Jonglënster gouf et e Feier an enger Primärschoul - Et ass elo ënner Kontroll

Lokales

|
reading time

1 min

Zu Jonglënster gouf et e Feier an enger Primärschoul - Et ass elo ënner Kontroll

Am Gebai Jean-Pierre Welter vun der Primärschoul zu Jonglënster ass de Moie géint 9:00 Auer ee Feier ausgebrach. Duerch eng séier Interventioun vun den zoustännegen Déngschter wier d'Situatioun séier ënner Kontroll bruecht ginn, schreift d'Gemeng Jonglënster an engem Communiqué.

reading time

1 min

Internetsite Gemeng Jonglënster
Internetsite Gemeng Jonglënster

Keng Persoun wier blesséiert ginn.

Als Virsiichtsmoossnam goufen d'Schüler:innen an d'Sportshal nieft der Schoul bruecht. Si géifen do aktuell betreit ginn.

Den Accueil fir haut wier assuréiert an de Fonctionnement vun der Betreiung garantéiert, esou d'Gemeng.