arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom prestigiéise Shanghai Ranking ass d'uni.lu ënnert de 700 beschten Unie weltwäit

Educatioun

|
reading time

1 min

Nom prestigiéise Shanghai Ranking ass d'uni.lu ënnert de 700 beschten Unie weltwäit

Déi US-Amerikanesch Universitéiten dominéieren nach ëmmerden internationale prestigiéise Ranking vu Shanghai. Dee bewäert zënter 2003 d'Universitéite vun der Welt. Harvard läit un der Spëtzt vum Klassement, Déi éischt 12 Plaze gi vun amerikaneschen oder britteschen Universitéite besat. 

reading time

1 min

Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette | © Daniel Schoenen
Uni Lëtzebuerg um Belval, Esch-sur-Alzette (Foto: Daniel Schoenen)

Ënnert den 1.000 Unien déi weltwäit an deem Klassement vu Shanghai opgelëscht sinn, läit d’Uni Lëtzebuerg an der Kategorie vun de 600 bis 700 beschten Unien op der Welt. 

uni.lu an engem Beräich an den Top 100

Am Detail gekuckt sinn d’Beräicher Telekommunikatiounstechnologien,Loft a Raumfaart-Technologie am beschte quotéiert. 

Do läit d’Uni Lëtzebuerg an den Top 100 tëschent der 76ter an der 100ter Plaz.

Dono sinn et Computerwëssenschaften an Transport a Verkéierswëssenschaften, wou Lëtzebuerg ënnert den 100 bis 150 beschten Unie läit, dono kommen am Ranking d’Finanzen,kënschtlech Intelligenz an d’Humanbiologie.