arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Grenobel gouf een 12 Järegen ugeschoss

Frankräich

|
headphones

1 min

Zu Grenobel gouf een 12 Järegen ugeschoss

A Frankräich gouf et e weider Fall vu Gewalt an Zesummenhang mat Drogen: An der Stad Grenobel gouf ee Bouf vun 12 Joer an der Nuecht op e Sonndeg bei enger Plaz, wou Droge gedealt ginn, ugeschoss a liewensgeféierlech blesséiert.

headphones

1 min

© EPA/YOAN
(Foto: EPA/YOAN)

D‘Täter si geflücht. De Bouf gouf am Réck an un de Bee getraff an ass weider an engem kriteschen Zoustand an enger Klinik.

D‘Police judiciaire mécht eng Enquête.