Zanter 2020 huet den Emmanuel Macron keng nei Annoncë méi iwwer d’Atomwaffe vu Frankräich gemaach. Zënterhier ass d’Weltlag awer eng aner an dowéinst huet de President eng Reform vun der Doktrinn ugekënnegt. Fir d’Ofschreckung effikass ze halen, soll Frankräich an Zukunft méi Atomwaffe kréien, sou de Macron.
Eenzegt EU-Land mat Atomwaffen
Genee Zuele wëllt een net kommunizéiere fir onberechenbar ze bleiwen. Frankräich ass dat eenzegt EU-Land, dat Atomwaffen huet. Zanter Joerzéngte gëtt et awer Iwwerleeungen, fir den Atomschierm op d’EU-Partner auszewäiten. Besonnesch elo am Kontext vun der russescher Menace.
Dofir huet de Macron eng nei Phas vun der Atomdoktrinn annoncéiert: D’dissuasion avancée. Ënner dëser soll et méi Zesummenaarbecht mat Partnerlänner ginn, d’Entscheedunge bleiwen awer an der Hand vum President.
Zesummenaarbecht mat 8 EU-Länner
De Macron sot eng 8 europäesch Länner, dorënner Däitschland, d’Belsch, Holland, Groussbritannien an och Schweden hunn zougestëmmt sech u gemeinsamen Übungsmanöver ze bedeelegen. De Macron huet net explizitt gesot, datt een d’Ofschreckung op d’Partner ausweit. Mee hien huet ugekënnegt datt d‘Definitioun vun de vitalen Interessen a franséischer Hand bleift, an datt dës Interessen net onbedéngt op de Landesgrenzen ophalen.
Dës Neiorientéierung vun der Atompolitik ass zwar e Resultat vun de ville Geforen, mee och vun der Onsécherheet iwwer d’US-Sécherheetsgarantië fir Europa.