Zwee Facteuren erkläre firwat d’Wëldpopulatioun esou an d’Luucht geet. De Klimawandel an d’Jeeër déi net genuch Wëld schéissen, betount de Roger Schauls.
Duerch déi mëll Wanteren a Summere ginn et vill méi Gebuerte bei de Wëllschwäin ewéi virdrun. De Reproduktiounszyklus wier aus dem Rudder gelaf, erkläert de Roger Schauls.
Natierlech Fortplanzung vun de Beem gëtt verhënnert
Mee se fannen och genuch Narung an dat ass an der Landwirtschaft ee Problem. An de Bëscher iessen se vill méi Buchecker an Eechen, wat déi natierlech Fortplanzung vun de Beem verhënnert.
Reell problematesch sinn awer den Hirsch, d’Réi grad ewéi Dammwëld a Muffel, déi illegal am Bësch fräigelooss goufen. Déi ginn un déi jonk Beem betount de Roger Schauls:
„D’Réi geet zum Beispill virun allem un d'Knospen, an och herno, wann d’Béck, hiert Gewei feeën, da beschiedegen se déi jonk Planzen, déi dee Moment oft ofstierwen.“
Den Hirsch hat wéinst senger gréisst nach ee vill méi groussen Impakt op d‘Beem. Do géifen d‘Beem da geschielt ginn an un deene Schied stierwen.
D‘Verantwortung vun de Jeeër
D’Jeeër wieren och zum groussen Deel verantwortlech fir d’Verbreedung vum Hirsch, erkläert de Roger Schauls.
„Wann ee wëllt dee Bestand kleng kréien, da muss een, sou schlëmm dat och lo kléngt, da muss een déi weiblech Déieren ofschéissen.“
Et géif een awer feststellen, datt et op ville Plazen een Ofkommes tëschent de Jeeër gëtt, keng Hirschkou ze schéissen. Et misst een e puer Joer waarde, bis et der méi ginn. Dat wier awer net richteg, ënnersträicht de Roger Schauls. „Op déi Manéier gëtt d‘Wëldpopulatioun reegelrecht héichgeziicht.“
D’Schied déi do am Bësch entsti misste vun den nächste Generatioune geréiert ginn.
Bei de Muffel bei Iechternach gouf et virun 20 Joer een Accord datt déi sollen ofgeschoss ginn, eppes wat awer ni geschitt wier, esou de Roger Schauls.