Radioen

On air

9 bis 1  |  Die Sterne - Das Bisschen Besser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes zum Klimaaccord vu Baku: "Eng nei Ära déi kann ugoen"

Weltklimakonferenz

Serge Wilmes zum Klimaaccord vu Baku: "Eng nei Ära déi kann ugoen"

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes begréisst, datt et op der Klimakonferenz zu Baku iwwerhaapt nach zu engem Accord koum. Decidéiert gouf do um Enn, datt d‘Industriestaaten den Entwécklungslänner all Joer 300 Milliarden Dollar solle bezuelen. 

auto_stories

1 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den Accord gouf vu villen als enttäuschend ugesinn. D‘Entwécklungslänner soen, si bräichten 1.000 Milliarden, also dräi mol méi. Dat als Entschiedegung fir de Klimawandel, a fir hinne bei der Energietransitioun ze hëllefen.

Trotzdeem wier et positiv, datt zu Baku nach en Accord fonnt gouf, seet de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes am 100,7-Moiesstudio.

"Et ass elo mol en Ufank vun enger neier Ära, déi kann ugoen, nämlech, datt elo nach vill méi Investitioune wäerte gemaach musse ginn. Dat gëtt och engem ganze Secteur kloer eng Richtung vir, also och dem Privatsecteur, déi awer domadder Zeeche gesat kréien, datt sech Investitiounen a fossil Energien an Zukunft net méi wäerte lounen."

Dee Kader wier elo gesat, fënnt den Ëmweltminister. Hie bedauert awer, datt keen Accord fonnt gouf doriwwer, wéi d'CO2 Emissioune solle reduzéiert ginn. Et wier een do nach ëmmer op deem selwechte Punk wéi virun engem Joer zu Dubai.