Radioen

On air

Kultur um 5  |  La harpe à Paris

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Final Verhandlungsronn fir een UN-Plastikofkommes huet ugefaangen

Zu Busan a Südkorea

Final Verhandlungsronn fir een UN-Plastikofkommes huet ugefaangen

Zu Busan a Südkorea huet déi viraussiichtlech final Verhandlungsronn fir dat geplangt UN-Plastikofkommes ugefaangen. 7 Deeg laang solle Vertrieder aus iwwer 170 Staaten déi lescht Detailer aushandelen, fir déi ëmmer méi grouss Verknaschtung mat Plastik an de Weltmierer an u Land verbindlech anzedämmen.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / Martin Grimm | Martin Grimm
Foto: picture alliance / Martin Grimm | Martin Grimm

Et stinn ëmmer nach eng ganz Partie Froen op. Een zentrale Punkt ass d‘Plastikproduktioun. D‘EU fuerdert do verbindlech Uewergrenzen. Ënnert anerem China a Saudi-Arabien sinn awer do dogéint. Si fuerderen amplaz, datt de Fokus op enger méi efficacer Offgallestioun soll leien. 

Zënter dem Joer 2000 huet sech d‘Plastikproduktioun weltwäit verduebelt, a se riskéiert sech vun hei bis 2040 nach eng Kéier ze verduebelen, esou Schätzunge vun der OCDE.

Iwwer 90 Prozent vum Plastik gëtt ni recycléiert.