arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wuesstem vum Aarbechtsmarché stagnéiert

ADEM

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wuesstem vum Aarbechtsmarché stagnéiert

Um Mëttwochmoien huet d’Adem déi neisten Zuelen zum Aarbechtsmarché a Lëtzebuerg presentéiert. Ervir stécht eng quasi Stagnatioun vum Wuesstem vum Aarbechtsmarché. De Beschäftegungstaux ass zejoert just ganz liicht, em 0,9 Prozent, gewuess. Am Privatsecteur souguer nëmmen ëm 0,3 Prozent.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser an den Aarbechtsminister Georges Mischo  | © Sté Bisenius
D'Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser an den Aarbechtsminister Georges Mischo (Foto: Sté Bisenius)

D’lescht Joer goufen hei am Land just 0,9 Prozent nei Aarbechtsplaze geschafen. Der ADEM no deen déifste Stand zënter der Rezessioun am Joer 2009. Am private Secteur – also ouni den ëffentleche Secteur - gouf et just eng Croissance vun neien Aarbechtsplaze vun 0,3 Prozent. Hei wier e quasi an der Stagnatioun, esou d’ADEM.

"Pourcentagen, déi mir zu Lëtzebuerg net gewinnt sinn"

D’Zuel vun de fräie Posten ass am Verglach mat 2023 ëm 15 Prozent zeréckgaangen, op eppes ënner 6.000 Plazen. Op dës 6.000 fräi Posten huet d'ADEM am Dezember 2024 ronn 19.500 Demandeure gezielt. Enn 2024 louch de Chômagetaux hei am Land bei 5,9 Prozent, esou d’Direktesch vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser.

"Déi lescht Zuelen, déi mir publizéiert hunn, dat ass de Stand op Enn Mee. Do si mir bei 6 Prozent. An dat ass genau dat, wat de Statec och virausgeplangt huet, och fir dat nächst Joer: 6 Prozent, vläit 5,9 Prozent rëm d'nächst Joer Mee. Dat si relativ héich Pourcentagen, un déi mir net esou gewinnt sinn hei zu Lëtzebuerg."

Héije Skill-Gap am IT-Beräich

Déi gréisste Baisse bei de Posten-Ausschreiwungen ass mat 17 Prozent am Banken-, Assurancen- an Immobilien-Secteur ze verzeechnen. Mee och am Commerce an am Bausecteur gi manner Plazen ausgeschriwwen, esou de Bilan vun der Direktesch.

"Et sinn natierlech och Secteuren oder Métieren, wou mir méi Offeren erakruten. Dat war notamment de Fall an der Gesondheet, am Gesondheetswiesen, an der Logistik an och an der Industrie, mee op Basis vu méi klengen Zuelen."

An der Moyenne géifen d’Leit ronn 6 Méint Chômage bezeien, ier si nees an den Aarbechtsmarché zeréckfannen.

Déi weltwäit schwiereg Wirtschaftslag géif déi aktuelle Situatioun net verbesseren, esou de Bilan vun der ADEM. Mee och de sougenannte Skills-Gap wier weiderhin e Problem. Dëst heescht, datt et zwar vill qualifizéiert Leit um Aarbechtsmarché ginn, dës awer net forcement op déi ausgeschriwwe Poste passen. De Skill-Gap ass am IT-Beräich am héchsten.  

play_arrow Lauschteren