arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL geet mat der Direktioun vum CLDN op d'Schlichtung

Logistik-Grupp CLDN

|
headphones

1 min

OGBL geet mat der Direktioun vum CLDN op d'Schlichtung

D‘Direktioun vum Logistik-Grupp CNDL hätt am Summer eesäiteg d‘Kollektivvertrags-Verhandlungen ofgebrach an de selwechten Dag eng Delegéiert vun enge vun den dräi Entitéite vum Grupp suspendéiert. Dat mellt d‘Gewerkschaft an engem Communiqué.

headphones

1 min

OGBL | © radio 100,7
OGBL (Foto: radio 100,7)

Och nom Protestpiquet vun der Gewerkschaft Ufank des Mounts hätt d‘Direktioun vum Grupp refuséiert fir de Sozialdialog erëm opzehuelen. Dofir géif den OGBL elo op d‘Schlichtung goen, heescht et nach am Communiqué.