D‘Gesondheetsministesch hätt bis elo net op hir Demande fir e Gespréich geäntwert. Déi Demande wier de 15. Mee schonn u si gaangen.
Fir d‘Staatsbeamtegewerkschaft ass dee Projet och e schwéieren Ugrëff op d‘Fonction publique an op de Sozialdialog zu Lëtzebuerg. An engem Communiqué heescht et, datt et fir d‘CGFP inakzeptabel ass, datt déi national Zentral fir Medikamenter a Gesondheetsproduiten an Zukunft ënner privatrechtleche Reegele soll lafen.
Bis elo war d‘Direction de la Santé dofir responsabel.
D‘CGFP gesäit doranner net nëmmen eng geféierlech Entwécklung, mee och e Verstouss géint de Gehälteraccord vun 2002.